Babywearing
Dro Workshops mam Annemarie Arend
Durée 2 h – 74€
Bëbeeën hunn d’Droen immens gär, well et hir instinktiv Bedierfnesser erfëllt. Bei der Gebuert kënnt däi Bëbee mat Instinkter aus der Steenzäit op d’Welt a versteet nach net, dass d’Ëmfeld an deem dier lieft sécher an. Fir däi Bëbee ass et automatesch eng Bedrohung wann hien ofgeluecht gëtt. Dat ass och de Grond firwat Bëbeeën sech oft direkt berouege wann een se op den Aarm hëlt.
D’Droen ass déi ideal Léisung fir déi natierlech Bedierfnesser vun dengem Bëbee ze erfëllen an him Sécherheet a Confort ze bidde wärend deems hie ganz no bei der ass.
Virdeeler vum Droen:
-
Gefill vu Sécherheet: Droe vermëttelt dengem Bëbee e Gefill vu Sécherheet a Confort.
-
Manner Kräischen: Bëbeeën déi gedroe gi kräische manner.
-
Stäerkung vum der Bindung: D’Band tëscht Mama a Bëbee gëtt automatesch gestäerkt.
-
Fir adoptéiert Bëbeeën: Ideal fir d’Bindung tëschent den Elteren an hirem Bëbee ze stäerken.
-
Praktesch Léisung fir d’Elteren: Droe gëtt den Eltere méi Fräiheet.
-
Abanne vum Papa: De Papa (oder eng aner vertraute Persoun) kann de Bëbee droen, sou dass d’Mama eng Pause kritt.
-
Entlaaschtung vum Réck: Droe kann de Réck vun den Elteren entlaaschten.
-
Sensoresch Stimulatiounen: All d’Sënner vum Baby gi stimuléiert.
-
Entwécklung vun der Hëft: D’Hëftentwécklung gëtt optimal ënnerstëtzt.
-
Funktioun vun der Wirbelsail : D’Wirbelsail kann hier natierlech Pufferfonktioun erfëllen.
Dir kennt eech aschreiwen fir folgend Couren,
-
Drodicher ( elastescht Droduch & gewiewtent Droduch & Ringsling. Droen virum Kierper)
-
Drohëllefen (Fullbuckle / Halfbuckle / Wrapconversion. Droen virum Kierper, op der Hëft an um Réck)
Contact
Belen Farias : belen@lunata.lu
Annemarie Arend :
Tél : +352 621 368 428
Mail : annemarie@lunata.lu
​