Hypnobirthing
Fir eng Gebuert am Vertrauen, mat Kraaft an Entspanung
Durée : 3h – 375€ /4 séances/ couple ou 375€/week-end intensiv/couple ( de 10.00 - 1800)
LANGUE LU (FR sur demande)
​
Gebuert ass DE MOMENT vun dengem Liewen ; den alleréischte Gebuertsdag vun dengem Kand.
All Gebuert ass eenzegaarteg, et ass et also derwäert sech fréi mam Thema auseneen ze setzen. Vir ouni Angscht mee dofir mat ganz vill Zouversiicht, Selbstvertrauen a Virfreed duerch de Prozess vun der Gebuert ze goen.
Mäin Ziel vum Hypnobirthing-Kuer ass et all (zukünfteg) Mamm rëm an d’Vertrauen ze bréngen. Vertrauen an hire Kierper, hire Bëbee an an den natierleche Gebuertsprozess.
Emt wat geet et konkret an deene 4 Kuere :
​
• Eng positiv Astellung zur Gebuert entwéckelen
• Wéi de Wéih bei de Kontraktiounen der hëlleft
• Wéi kann däi Partner / denger Partnerin dech wärend der Gebuert ënnerstëtzen
• Firwat ass d’Ëmfeld an deem däi Kand op d’Welt kënnt sou wichteg
• Efficace a respektvoll Kommunikatioun mam medezinesche Personal
• Physiologie bei der Gebuert (wéi schaffen d’Muskelen an d’Hormoner)
• De Gebuertsverlaaf (wat sinn déi verschidden Etappe vun der Gebuert)
• Mir schwätzen iwwert d’WocheBETT
• Vill Zäit a Raum fir iwwert är perséinlech Froen ze schwätzen
​
Wéi eng Tools kriss de mat op de Wee :
• Otemtechniken
• Meditatiounen
• Visualisatiounen
• Ankeren
​
Mat abegraff am Präis vum Kuer sinn :
​
• E Workbook
• Selwer geschwate Meditatioune Verschidden Theme beschwätzen sech besser just ënnert schwangere Fraen dowéinst ass de Kuer Deels mat, Deels ouni Partner/in.